Am Film "Etat d'Armes" konnt de Fransous Philippe B. Aton säi schauspillerescht Talent ënner Beweis stellen.

An der Kinoswelt ass den Philippe B. Aton virun allem bei eisen franséische Kolleegen bekannt. Mam Film "Etat d'Armes" huet hie gewisen, dass hie grad esou gutt schauspillere kann ewéi dat, wat hie virdrun am Liewe gemaach huet. Hie war nämlech an der Spezialunitéit vun der franséischer Gendarmerie, GIGN, déi ënnert anerem fir Geiselnamen oder Drogekriminalitéit zoustänneg sinn a sech grosso modo mam Terrorismus beschäftegen.

Elo hält den Aton weltwäit - an och zu Lëtzebuerg - Konferenzen iwwer dat, wat hien erlieft huet, an och, wéi hien dat erreecht huet am Liewen, wat hie sech virgeholl hat.

Um groussen Ecran fillt hie sech elo doheem. De Philippe B. Aton huet e Karriärswiessel hannert sech: Am Film "Etat d'Armes" spillt hien en Drogendealer, also u sech de Contraire vun deem, wat hie virdru gemaach huet, an zwar dës Leit an de Prisong ze bréngen. Ma elo dierf hien endlech dat maachen, wat hie vun Kand u wëlles hat: Schauspiller sinn.

De Philippe war 15 Joer laang beim GIGN, dem Groupe d'Intervention de la Gendarmerie nationale. Wéi hien do fort gaangen ass, war hien entschloss, fir säin Dram z'erfëllen, ma simultan huet hien e Buch geschriwwen ("Confessions d'un OPS"), fir seng Erfarunge bei der Spezialunitéit dierfen ze deelen.

No deem éischte Buch schreift de Philippe en zweet. Seng Liewenserfarung huet him bewisen , dass een alles erreeche kann, wann de Wëllen do ass, an et ass genee dëst, wat hien elo mat aneren deele wëll am Buch "Féral, cette force qui existe en nous".

Den Henri Prévost vun BSPK, eng Lëtzebuerger Berodungsfirma, gouf op hien opmierksam an invitéiert den Aton fir eng Konferenz an de Cercle Münster, d 'Invitéë sinn net nëmme Patronen an Direkteren, mee vun iwwerall, déi aus sengen Erfarungen eppes dobäi léiere wëllen. Dat ganzt am Kader vun "Rencontres stratégiques du Manager".

A sengem fréieren Job war de Philippe gewinnt an och forcéiert, fir déi richteg Entscheedungen ze treffen an et ass dës Liewenserfarung, déi hien elo weider gi wëll, wat d'Business-Welt ugeet.

Nieft senger Schauspillerei a Konferenze gëtt hien awer och nach Coursen an deem, wat hien am beschten kann: Sech ze verdeedegen an aneren ze hëllefen... Do, wou Hëllef grad gebraucht gëtt.