Bei der 13. Editioun vum CinEast Festival, dee nach bis de 25. Oktober dauert, sti nees Filmer aus Zentral- an Osteuropa am Mëttelpunkt.

Deel vun dësem Festival ass och all Joer eng grouss Fotoausstellung an der Abtei Neimënster, déi zum Leitmotiv vum Festival passt. Déi aktuell Ausstellung mam Titel „Planting the Future“ weist Projete vu 6 europäesche Fotografen, déi engersäits ekologesch an humanitär Desasteren dokumentéieren an anersäits illustréieren, wéi Mënschen op der ganzer Welt sech mat innovativen Initiative fir eng besser, méi nohalteg Zukunft engagéieren.