D’Wierker, déi hei gewise ginn, kommen aus der Haukohl-Kollektioun, déi bedeitendst florentinesch barock Kollektioun ausserhalb vun Italien.

"Beyond the Medici" – esou den Titel vun der neier Ausstellung am Nationalmusée um Fëschmaart. D'Wierker vun der Ausstellung ware bis virun 2 Joer just an Amerika ze gesinn. Dank der organiséierter Tournée vum MNHA wandert d‘Kollektioun zënterhier duerch Europa an elo ass se och zu Lëtzebuerg ze gesinn.

Et ass d’Entrée an en anert Zäitalter – eng Zäit, déi 400 Joer hannert eis läit. D’Famill Medici aus Florenz war vum 15. bis d'18. Joerhonnert eng wichteg Dynastie an Italien. Ma d’Famill huet och déi bis haut bedeitendst italienesch Konschtsammlung, mat groussen Nimm wéi Michelangelo a Leonardo da Vinci, hannerlooss. "Beyond the Medici" am Nationalmusée weist d’Kollektioun vun der Famill Haukohl eng Kollektioun, déi keng weltbekannten Nimm huet, ma dofir awer net manner wichteg ass.

Ee Véierel vun der Expo gouf duerch Wierker vun der eegener Kollektioun vum Nationalmusée komplettéiert, fir ënner anerem d’Qualitéit vun de Wierker ze préiwen. D’Konschtform vum Barock zeechent sech duerch eng grouss Theatralik an Dramatik aus. Dem Sammler Sir Mark Haukohl geet et awer net just drëm eng Molerei ze ergatteren, d’Recherche, fir déi passend Rumm ze fannen, ass op d'mannst genau sou wichteg.

D’Barock Molerei vu Florenz brauch eng Inzenéierung. D’Wierkung an d’Präsentatioun vun de Biller war deemools schonn immens wichteg, dofir war d’Iddi, an dëser Ausstellung mat der Luucht, der Atmosphäre an der Mise en scène de barocke Standarde gerecht ze ginn.

Dimensioune vun de gewisene Wierker iwwerschreiden net onbedéngt d’Norm, mee éischter de Géigendeel. Dat klengste Wierk an der Ausstellung huet nämlech knapp d’Gréisst vun engem Smartphone.