Am Kader vun der aktueller Rassismus-Debatt iwwerpréift Disney aktuell all seng Klassiker.

Ënner anerem wäerten an Zukunft Filmer wéi "Dumbo" oder "Peter Pan" op der Streaming-Plattform Disney+ eng Warnung kréien, datt an dëse Filmer rassistesch Inhalter dra sinn: "Dieses Programm enthält negative Darstellungen und/oder Misshandlungen von Völkern oder Kulturen. Diese Stereotype waren damals falsch und sind heute falsch. Anstatt diese Inhalte zu entfernen, wollen wir ihre verletzende Wirkung anerkennen, daraus lernen und das Gespräch darüber anregen, um gemeinsam eine inklusivere Zukunft zu erreichen" wäert esou oder esou änlech an der Däitscher Versioun vun Disney+ ze liese sinn.

An "Aristocats" géifen d'Asiaten als Karikaturen duergestallt ginn, an "Dumbo" géif d'Sklaverei an d'Rassentrennung op eng rassistesch Aart a Weis duergestallt ginn an a "Peter Pan" géif d'Kultur vun der amerikanescher Urpopulatioun falsch duergestallt ginn. Nieft dëse Klassiker wäerte wuel och nach aner Filmer just nach mat Warnungen gestreamt kënne ginn.

Zil vun dëser Aktioun wier et, datt een d'Vergaangenheet opschafft, aus hir léiert an zesumme weidergeet, fir e Muer ze schafen, vun deem haut jidderee just dreeme kann, heescht et vun Disney.