Mam Buch soll d’Lëtzebuerger Geschicht a Kultur vun Esch nach besser promouvéiert ginn.

Viru kuerzem ass d’Buch "Guide historique et architectural Esch-Alzette" erauskomm. D’Geschicht vun der Stad léisst sech ënnert anerem un de Fassaden ofliesen. Geschriwwe gouf d'Buch vun e puer Auteuren an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg.

An deem 480-säitege Buch ginn d’Auteuren op d’Entwécklung vun Esch an hir Gebailechkeeten an. Donieft, ginn Aspekter vun der Geschicht, der Konscht, der Architektur an der Planung vun der Stad thematiséiert.

D’Gemeng déi tëscht 1935 an 1937 vum Escher Architekt Isidore Engler gebaut gouf, gouf mat Skulpturen dekoréiert. Drop ze gesinn, sinn ënnert anerem de Wope vun der Stad a Relieffer vun der Industrie, dem Sport an der Elektricitéit.

Och d’Uelzecht-Strooss gëtt thematiséiert. Den éischten Escher Architekt Paul Flesch hat ëm 1901 eng genee Virstellung vun der Gestaltung vum Quartier. Hien hat zwou ëffentlech Plaze geplangt, haut d’Gemengeplaz an d’Brillplaz, déi duerch eng 20 Meter breet Strooss verbonne sollt ginn.

Den Theater vun der Stad Esch gouf tëscht 1959 an 1962 gebaut. Et war dat éischte Kulturhaus vum Land. Inspiréiert gouf et vun den “Maisons de la culture”, déi vum franséische Kulturminister André Malraux gegrënnt goufen. D’Demokratiséierung vun der Kultur war eng Erausfuerderung, déi vum Jos Wampach an Ugrëff geholl gouf.

Nieft dem Theater ass op der Brillplaz och den nationale Resistenzmusée.