De Stroossekënschtler Banksy ass fir seng kontrovers Motiver bekannt. Elo huet hie sech am brittesche Nottingham veréiwegt, als Opmonterung an der Kris.

D'Mënschen zu Nottingham hunn et de Moment net grad einfach, déi zu de Corona-Hotspots an England zielt. D'Moossname si verschäerft Mesuren. E klenge Liichtbléck soll dat neit Bild vum Banksy op der Mauer vun engem Beauty-Salon vermëttelen.

Dat neit Wierk weist e klengt Meedchen, dat mat engem Hula-Hoop-Reef spillt.

Op Instagram huet sech de berüümte Street-Art-Kënschtler bekannt. Ouni Kommentar, awer de Message ass kloer: Oflenkung an Hoffnung.

D'Plaz schéngt och keen Zoufall ze sinn, d'Haus läit an der Géigend vun der Uni vun Nottingham, wou et nach viru Kuerzem e gréissere Corona-Ausbroch gouf. "Dëst wonnerschéint Stéck wäErt d'Häerzer vun den Awunner vun Nottingham erhiewen. Merci, Banksy", huet e Mataarbechter vun der Uni op Twitter reagéiert. Och aner Bierger hu sech begeeschtert gewisen: "Déi lescht Woche waren haart. Ze wëssen, dass mir en echten Banksy an eiser Strooss hunn, ass genee déi Opmonterung, déi d'Mënschen zu Nottingham brauchen".