Den Jeff Bridges huet via Twitter matgedeelt, dass hie Lymphdrüsekriibs diagnostizéiert krut.

De 70 Joer al Bridges bleift positiv a sengem Statement a seet e wier vun engem super Team vun Dokteren ëmginn. Seng Behandlung fänkt dann och direkt un an en huet ugekënnegt, seng Fans weider um Lafenden ze halen.

Bekannt gouf den Jeff Bridges ënnert anerem duerch seng Roll am Big Lebowski. Hie gouf 7 mol fir den Oscar nominéiert. Gewonnen huet en en Oscar fir seng Roll als Country-Sänger am Film "Crazy Heart".