Well den Ament keng Fester, Showen oder gréisser Evenementer organiséiert ginn, feelt et ville Kënschtler um Enn vum Mount u Geld.

Si halen déi schéinste Momenter an eisem Liewe fest, verzauberen eis oder huelen eis an eng ganz aner Welt mat: Selbststänneg Kënschtler wéi Zauberer, Fotografen oder Sänger hunn et den Ament net ganz einfach.

Well ouni Fester keng Optrëtter - dat bedeit um Enn vum Mount och keng Suen. Aktuell kënne vill Eventer awer nees organiséiert ginn, wann déi aktuell sanitär Mesuren agehale ginn. Independanten, déi am Secteur ënnerwee sinn, musse sech upassen.

De Jay Witlox ass schonn zanter senger Kandheet passionéiert vun der Zauberei. Virun e puer Joer huet hie seng Firma "Magical Dream Factory" gegrënnt. De Weekend hu si fir déi éischte Kéier zanter Laangem nees eng Show, wat an der aktueller Situatioun net selbstverständlech ass. Wärend dem Confinement huet hien Tricke geüübt, nei Saachen erfonnt a sech esou ugepasst, dass hien och Showe mat den aktuelle Restriktioune ka maachen. Et ginn awer ëmmer nach vill Showe vun him ofgesot a wéineg neier gebucht. Domadder feelt et dann och u Revenue fir dëst an och d'nächst Joer. Well all déi al Clienten hiren Datum verréckelen, kënnen d'nächst Joer och keng nei Clienten dobäikommen.

D'Christine Eckhardt ass op Hochzäitsfotografie spezialiséiert. Den Ament ass dat eng ganz aner Zort vun Dokumentatioun. Am Joer 2020 ginn op der Hochzäit Masken amplaz vun Nuesschnappecher verdeelt.

Wie kann eng finanziell Ënnerstëtzung ufroen?

Am Kader vun der Corona-Kris sinn eng ganz Partie Hëllefe bereetgestallt ginn. De Kulturministère ënnerstëtzt professionell Kënschtler ëmmer finanziell, wa si näischt oder net vill verdéngen. Dovunner kann ee profitéieren, wann een de Statut vum professionellen Artist oder dem intermittent du spectacle huet. Wéinst der aktueller Situatioun sinn d'Krittäre fir déi Hëllefen erofgesat ginn. An de Montant, deen een ufroe kann, méi héich ginn. Et ginn awer och puer Krittären, déi een erfëlle muss, fir iwwerhaapt een Urecht dorobber ze hunn. Sou muss een dat zum Beispill haaptberufflech maachen, eng gewëssen Unzuel un Deeg d'Joer schaffen an affiliéiert sinn. Dat ass, fir ze verhënneren, dass Hëllefe cumuléiert ginn. Bis elo huet de Kulturministère ronn 3 Milliounen Euro verdeelt.

Wärend de Kriseméint huet den Ekonomiesministere 2 Aiden agefouert fir Independanten. Dorënner falen net just Kënschtler, mee jiddereen, dee selbststänneg ass. Vun dësen Hëllefe konnten och eng Partie Kulturschafend profitéieren. Awer just, wann si net a Fro fir déi aner vum Kulturministère kommen.

Ënnert wéi ee Beräich ee fält, hänkt dovun of, wou een sech ugemellt huet. An dat wär ee Choix, dee jidderee selwer kéint treffen.