Mat der Spencer Davis Group huet en Hits ewéi "Keep on running" oder "Gimme some lovin" geschriwwen. Elo ass hien am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

De brittesche Rockmuseker war viru kuerzem wéinst enger Longenentzündung an engem Spidol behandelt ginn, huet säin Agent Bob Kirk matgedeelt.

Den Davis koum 1939 op d'Welt an huet seng Musekerkarriär wärend sengem Studium op der Universitéit Birmingham ugefaangen. En ass zesumme mat zukünftege Stare wéi dem Bill Wyman (Rolling Stones) oder dem Chrstine McVie (Fleetwood Mac) opgetrueden.

1963 huet en mat de Bridder Steve a Muff Winwood, souwéi dem Pete York d'Spencer Davis Group gegrënnt. Si haten a Groussbritannien méi wéi een Nummer-1-Hit.