Dobäi stellt de Musée net just dës Edelsteng aus, ma erkläert och ganz genau, wou dës hierkommen a wéi se ursprénglech ausgesinn hunn.

Si entstinn an der totaler Donkelt, déif am Häerz vun onser Äerd. Si hu Millioune Jore gebraucht, fir op eng Schicht ze kommen, wou de Mënsch se kann ofbauen. Si faszinéieren duerch hir Faarwen, hiert Liichten, a well se eenzegaarteg sinn. Si, si verbonne mat Geheimnisser a Legenden, mat okkulten Fäegkeeten, déi bewierken, dass vill Männer a Fraen hirem Charme an hirer Schéinheet verfalen.

Quartzer, Amethysten, Saphiren, Emerauden, Opaler an Diamanten

Edelsteng an aner Mineralie faszinéieren. Mir kenne se vun eise Bijouen. Déi meescht vun eis Mënschen awer wëssen wéineg iwwert se. Wéi entwéckele si sech a wou komme se hier? Wéi gesinn dës faszinant Steng an hirem ursprénglechen Zoustand aus?

Alles Froen, wou ee bei der neier Expo am Naturmusée Äntwerten fënnt.

Dës spezial Ausstellung vun de schéinsten Exemplare vun der Mineralie-Sammlung aus dem MNHA geet den 23. Oktober op an dauert bis de 6. Juni 2021 eran.