De Museker ass am däitschen Deel vun der Belsch op d'Welt komm. Hien ass Museksenseignant zu Klierf an huet scho mam Konstantin Wecker zesummegespillt.

Dat wat do ballademéisseg ufänkt, steigert sech a fléisst a rhythmeschen Jazz iwwer.

Am Géigesaz zu sengem Mentor Konstantin Wecker, huet d'Musek Prioritéit virun den Texter beim Andy Houscheid.

Am Cube 521 ass den Andy Houscheid zesumme mam "Streichquartett In Praise of Folly" opgetrueden. Hir Kläng schwiewen duerch de Sall a loosse sech op d'Leit néier.