Den nächst Event vum Kulturkanal gëtt den Donneschdeg 29. Oktober um 19 Auer live hei op RTL an op kuk.lu gestreamt.

Maacht Iech op eng ganz speziell Renconter gefaasst, wou Live-Illustratioun a Freestyle-Futtball zesummen um Ecran matenee verschmëlzen.

Mat dobäi am Carré zu Hollerech sinn d'Illustratrice Irina Moons an de Freestyle-Futtball-Choreograph Sven Fielitz.

No hire Studien zu Lyon a Paräis huet sech d'Irina Moons am Beräich vun der Illustratioun an der Serigraphie spezialiséiert. Ugefaangen hat hir Karriär am Peru, wéi si e Stage vu 6 Méint beim Service national de la jeunesse gemaach huet. Duerno ass si op Lëtzebuerg komm, wou si en Atelier am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng krut. No e puer Joer huet si an der Stroossbuerger Strooss an der Stad e Coworking-Atelier gegrënnt. Eng zweet Plaz, wou Workshoppen ëm d'Serigraphie ugebuede ginn, ass am Gronn.

De Sven Fielitz zielt ass ee vun de Lëtzebuerger Toppathleten. Mat 8 Joer huet hien ugefaangen, Futtball ze spillen. Seng éischt Erfarungen am Beräich Freestyle-Futtball huet hien am Joer 2006 gemaach, nodeems hie vun enger Partie Videoen a Publicitéiten um Internet dozou inspiréiert gouf. Mëttlerweil ass hie bei Kompetitiounen an 20 ënnerschiddleche Länner opgetrueden a koum ënnert anerem op déi 4. Plaz beim European Championship zu Amsterdam (2015) an op déi 10. Plaz beim Red Bull World Championship zu Beijing (2016). Nieft dëser Leidenschaft ass den 29 Joer ale Mann och als onofhängege Filmproduzent täteg.