Esch2022, en Projet, deen esou lues ufänkt, eng Form ze kréien. D’Stad Esch gouf zur europäescher Kulturhaaptstad 2022 gewielt.

An dësem Kader sollen Ausstellungen, Concerten, Theateropféierungen a Weideres fir de Public ofgehale ginn.

Um Donneschdeg konnt um Belval selwer schonn e relativ klore Programm virgestallt ginn. 4 Haaptausstellungen wäerten am Kader vun Esch2022 organiséiert ginn. Mat alternativen Locations a Konzepter wëll een opfalen. Theme variéiere vum Liewen als Frontalier bis zur Fro vun der Identitéit. Haaptsujet ass awer d' Verständnis an d' Liewen an Europa.

De Vincent Crapon (Chargé de projet, Kulturprogramm): "On pose des questions extrêmement importantes sur ce que c'est de vivre maintenant dans le monde dans lequel on vit et aussi dans cette région qui est assez spécifique. Enfaite ce qu'on essaie de faire avec Esch 2022 c'est réinventé ce que notre région sera dans le futur." Deel vun Esch2022 konnt jidderee ginn.

En Appel à Projets gouf lancéiert. Et koumen iwwert 1.000 Iddien zesummen, 600 Dossiere goufen agereecht. Dovunner goufen 140 Projeten ausgewielt.

D'Françoise Poos (Directrice, Kulturprogramm):

"Do sinn et immens vill flott Projete ginn a mir freeën eis och drop fir déi alleguerte kennen ze realiséieren.
De Choix war natierlech net einfach. Am léifsten hätte mir se alleguerte realiséiert. Mee dat ass natierlech och The Name of the Game, sou funktionéiert et eben, et ass eng Selektioun.

Kultur ass dat wat eis ausmécht seet d'Françoise Poos, dowéinst ass et och esou wichteg se an dëser Zäit oprecht ze halen. Dat wier an der digitaler Welt net ëmmer esou einfach.

“Kultur, d'Muséeë mussen de besseren 
Netflix ginn, dat heescht dat ass zum Beispill eng Iwwerleeung, déi ech immens interessant fannen. Wéi kënne mir dat ginn? Wat musse mir do alles maachen? A mir hunn och an dem Sënn déi grouss international Partner fir eis Ausstellung an der Möllerei.” 

Déi 4 virgestallte Projete wäerten um Belval oflafen. Nieft Ausstellunge mat Projektiounen an Toun an de Gebaier Möllerei a Massenoire, gëtt am Héichuewen eng Bün opgebaut mat Plaze fir bis zu 200 Spectateuren. Do kënne kleng Concerten oflafen oder och Theaterstécker.
D'Ausstellunge ginn de 27. Februar 2022 fir de Public op.