Vun e Sonndeg u kann een déi ausgezeechent Wierker ënnert den adaptéierte Sécherheestmoossnamen beim Salon vum CAL am Tramsschapp um Lampertsbierg gesinn.

Zënter 1993 gëtt all zwee Joer de "Prix Pierre Werner" un een oder méi Kënschtler decernéiert, deenen hir Wierker fir de Salon vum Cerle Artistique selektionnéiert goufen. Op enger Pressekonferenz a Präsenz vun der Kulturministesch Sam Tanson huet de CAL de Moien d'Editioun 2020 virgestallt an natierlech och d'Laureazten.

De Jury huet sech fir d'Wierker "Antigone" vum Filip Markiewicz a "Sleepers 2" vum Lisa Kohl decidéiert.

D'Laureaten Filip Markiewicz a Lisa Kohl / © CAL

De Kënschtler a Museker Filip Markiewicz lieft a schafft zu Hamburg, stellt awer weltwäit seng Konscht aus. 2015 huet hie Lëtzebuerg op der Biennale zu Venedeg vertrueden. "Antigone" ass eent vu sengen Uelechbiller, déi elo um Salon ze gesi sinn.

D'Lisa Kohl krut de Präiss fir eng Serie vu Fotoen "Sleepers 2", déi si 2019 zu Los Angeles realiséiert huet. D'Kënschtlerin sollt  2020 zu Arles um Fotofestival derbäi sinn a war nominéiert fir den Edward Steichen Award.

Nieft der plastescher Qualitéit beschäftegen sech dës Wierker vrun allem mat de Froen, déi déi aktuell Situatioun an der Welt stellt, sou de Jury:

Ces deux œuvres, au-delà de leurs qualités plastiques, cristallisent des questionnements et traduisent des situations, qui conditionnent le monde actuel. Les démarches artistiques de Lisa Kohl et Filip Markiewicz sont parmi les plus pertinentes de la création d’aujourd’hui. « SLEEPERS » de Lisa Kohl donne une vision surprenante avec un instantané qui en dit long sur une époque pour laquelle le confinement est devenu un quotidien éventant. « Antigone » représente l’univers exceptionnel et complexe de Filip Markiewicz qui fait instamment référence à une actualité en fluctuation et à des citations de l’histoire de l’art. Le jury félicite Lisa Kohl et Filip Markiewicz et se réjouit de cette preuve d’une scène artistique en constante évolution.

De Prix Pierre Werner ass dotéiert mat 2.500€. Am Jury ware Suzanne Cotter (Directrice MUDAM), Dr. Gabriele Lohberg (fréier Direktesch Europ. Kunstakademie Trier), Christian Mosar (Directeur artistique Espace Lavandier & Bridderhaus Esch), Daniel Michels (Fotograf), Guy Thewes (Historiker an Direkter vun de Muséën vun der Stad Lëtzebuerg). Presidéiert gouf e vum Marc Hostert, deen als President vum CAL awer kee Stëmmrecht huet.

Beim Salon vum CAL am Tramsschapp um Lampertsbierg kann ee vum 1. bis den 22. November d'Wierker vun 47 ausgewielte Kënschtler gesinn.

Wéinst den aktuelle Restriktiounen, sinn nëmmen 75 Leit beieneen an der Ausstellung zougelooss. Et muss ee sech am Virfeld umellen, d'Visitt soll net méi laang wéi eng Stonn daueren an et ass Maskeflicht.

All weider Detailler an d'Méiglechkeete vu Visite-Guidéeën fënnt een um Site vum Cercle artistique.

© CAL