Et war en oppent Geheimnis, dat lo confirméiert ass. De Captain-Marvel-Star Lashana Lynch, déi d'Roll kritt, huet et verroden.

Am "No Time To Die", dem leschten James-Bond-Film an der Daniel-Craig-Ära iwwerhëlt déi brittesch Schauspillerin an der Roll vun der Geheimagentin Nomi d'Déngschtnummer vum 007, wann och just fir e kuerze Moment.

De Grond fir den Optrëtt als weibleche Geheimdéngscht: Den James Bond ass am Ufank vum Film an der Pensioun.

Et gouf Rumeure iwwert eng weiblech Besetzung, d'Lashana Lynch huet dëst elo an engem Interview mat der Zäitschrëft Harper's Bazaar op en Neits zur Sprooch bruecht. Déi 32 Joer al Actrice huet betount, keng Klischee-Figur wëllen ze spillen: "Dat wier géint alles, woufir ech stinn". Hier ass och kloer, dass net all d'Fans domat wäerten averstane sinn, dass den James Bond schwaarz an eng Fra wäert sinn. Si rechent an deem Sënn och mat hefteger Kritik a Reaktiounen.

"Ech sinn eng schwaarz Fra. Wann et eng aner schwaarz Fra gewiescht wier, déi d'Roll kritt hätt, wier d'Debatt wuel déi selwecht. Si wier deene selwechten Attacken ausgeliwwert. Ech muss mech just selwer drun erënneren, dass eng Debatt ass, an dass ech Deel vun eppes sinn, dat immens, immens revolutionär wäert sinn."

Dass de Bond enges Daags weiblech wier, hat d'Produzentin Barbara Broccoli ëmmer nees ausgeschloss. D'Lashana Lynch huet verséchert, dass et och keng #MeeToo-Versioun wäert ginn.

© AFP