Lux & Vox ass en Documentaire vum Fränk Grotz an zwee Deeler, deen op méi wéi 120 Joer Geschicht vun de Lëtzebuerger Kinoen zeréck kuckt.

Am 1. Deel geet et ëm d‘Gebuert vum Kino mat den éischte Projektioune zu Lëtzebuerg bis nom Krich.

Documentaire: Lux & Vox 1.Deel
Vun der éischter Seance zu Iechternach am 19. Joerhonnert bis un d’Enn vun de 1950er Joren huet de Kino zu Lëtzebuerg Konjunktur.

Vun der éischter Seance zu Iechternach am 19. Joerhonnert bis un d’Enn vun de 1950er Joren huet de Kino zu Lëtzebuerg Konjunktur. Bal ouni Konkurrenz gehéieren d’Filmprojektiounen zu de beléifteste Fräizäitbeschäftegungen am Land. An den 30er-, 40er, 50er war de Kino zu Lëtzebuerg eng Goldgrouf! Mee och d’Kinosbetriber gi markéiert vun enger lieweger Konkurrenz a vun der Occupatioun, déi hir Fräiheet an hier Existenz a Fro stellen.

Am 2. Deel bléckt den Documentaire op d’Kinoskris an de 60er Joeren zeréck a weist d’Evolutioun bis haut.

Documentaire: Lux & Vox 2.Deel
No der Kinokris, an der schwéierer Period fir de groussen Ecran bréngt déi dynamesch Ekipp vum Ciné-Club 80 neie Wand an d’Lëtzebuerger Kinoslandschaft.

Vun de 1960er Joren un war d’Glanzzäit vun de Kinoen eriwwer. An där schwéierer Period fir de groussen Ecran bréngt déi dynamesch Ekipp vum Ciné-Club 80 awer no an no neie Wand an d’Lëtzebuerger Kinoslandschaft. Den Utopiagrupp dee lues a lues entsteet, dominéiert de Marché iwwert laang Joren. Wéi konnten d’Regionalkinoen hir Plaz behaapten? D’Situatioun an de leschte Joren huet weider evoluéiert an d’Kinoe vun haut hunn nei Challengen.