D'Band Tokio Hotel huet den exzentresche Museker iwwer Nuecht berüümt gemaach. Den Erfolleg huet awer net nëmme positiv Säiten.

Den Drock gouf esou grouss, datt hien 2010 zesumme mat sengem Zwillingsbrudder Tom an Amerika ausgewandert ass. Haut lieft de Museker zu Los Angeles, schafft och nach als Synchronspriecher, Model an Designer.

Während de Brudder Tom säi Gléck mam Heidi Klum fonnt huet, ass de Bill no eegenen Aussoen nach net a festen Hänn. A senger Biografie bléckt de Bill zeréck op en 30 Joer laangt Liewe mat Héichten an Déiften.

D'Kandheet zu Magdeburg, den Ufank vun Tokio Hotel, déi enk Relatioun zum Brudder Tom a seng sexuell Orientéierung, iwwert déi vill spekuléiert gëtt. Dat alles sinn Themaen, déi dem Museker um Häerz leien an déi hien a sengem Buch verschafft huet.