Mat den aktuelle Mesurë ass et net méiglech, d'Art Week wéi gewinnt ofzehalen. Dowéinst gouf decidéiert, dat dëst d'Kéier digital ze maachen.

Luxembourg Art Week / Reportage Christiane Kremer

Zënter Mäerz hunn all déi grouss, international Konschtfoirë mussen ofgesot ginn. Fir d'Luxembourg Art Week, déi dëst Joer hir 6. Editioun sollt hunn, hat een nach dat Bescht gehofft. Mä mat de rezente Sécherheetsmesuren, déi jo just nach 100 Leit zesummen erlaben, war dat net méi ze garantéieren.

Galerien aus 8 verschiddene Länner an iwwer 15.000 Visiteuren iwwer knapps 4 Deeg, dat war d’Editioun 2019 an esou hätt een dat och dëst Joer wëllen opbauen an organiséieren, mat vill Informatioun op der Plaz, direkter Berodung a mat conviviale Momenter. Wéi d’Art Basel als éischt international Foire am Fréijoer annuléiert gouf an eng Rei Ofsoen nokoumen, hu sech déi Responsabel vun der Art Week scho ganz fréi iwwerluecht, eng digital Alternativ virzegesinn a mat där soll de Visiteur sou no wéi méiglech um Original sinn.

Zwou Woche laang kann een e virtuellen Tour duerch d’Expo maachen, iwwer 69 Galerie besiche goen a sech eng genee Iddi maachen iwwer d’Konschtwierker, déi een als Sammler oder Galerist kënnen intresséieren. An och wann den direkte Kontakt feelt, kann een esou och en neie Publikum unzéien. Dat ass net onwichteg, well och fir de Konschtmarché ass den Ament eng schwéier Zäit.

Ob 2021 dann nees eng Art Week am bekannte Kader wäert sinn, gëtt zwar gehofft, mä ganz zouversiichtlech ass ee bei den Organisateuren awer net.