De franséische Streaming-Déngscht proposéiert vrun allem Filmklassiker.

Netflix, Telé vun der Post oder vod.lu, Amazon Prime, MUBI a Konsorten hunn d'Leit an hir Kuck-Gewunnechten schonns s zanterm Laangem fest an der Hand. Jidderee binged Serien, kuckt Filmer an dëst Joer souwisou nach méi. Am Fréijoer hate mer jo e puer Wochen Zäit, wärend deene mer net virun d'Dier hunn duerfen. Ganz rezent ass de franséische Streamingdéngscht La Cinetek hei am Land disponibel.

11/11/2020 La Cinetek

D'Streamingdéngschter woren 2015 awer net déi eenzeg Ursaach vum Lancement vun der Cinetek. Den DVD-Verkaf an deem säin Zesummebroch woren et, deen d'Fondateuren vun dëser Initiativ, entre guillemets, Suerge gemaach hunn. D'Iddi war, der Digitalisatioun vum Film d'Hand an hir eng legal Optioun ze ginn, al, manner al a modern Klassiker ze proposéieren. Onofhängeg vun den Institutiounen, wéi dem Film-Musée oder enger Cinemathéik, sou de Realisateur a Matbegrënner vu La Cinetek, de Cédric Klapisch.

Et wor nun emol esou, dat den Online-Choix virun allem aus kommerziellen an net ausseruerdentlech spannende Filmer bestanen huet. An eis Iddi wor et dem Patrimoine vum Kino, Filmklassiker eng Plaz ze ginn. Dat Lach zouzemaachen souzesoen.

Fréier sinn esou Filmer op mannst nach op der Tëlee gelaf, wann och owes spéit - z.B. am Kader vu Cinéma du minuit um franséischen Terrain op France 3. Mee d'Situatioun ass haut nach eng ganz aner ewéi virdrun. Wéi gesot - Netflix, Amazon Prime a vill anerer. Mee et gëtt och Déngschter ewéi MUBI, déi der Approche vun der Cinetek net onähnlech ass. Béid Déngschter kuratéieren hire Film-Programm. Direkt Konkurrenten oder eng gesond Symbios, déi géint dat Ëmmer-Nämlecht vun Netflix a Co. geet.

MUBI a mir agéieren eng Grimmel wéi Muséeën. De Louvre an de Musée d'Orsay sinn sou gesinn och Konkurrenten, mee dat ass an der Rei. Allebéid stelle se wichteg Wierker aus. MUBI funktionéiert ganz anescht wéi mir. La Cinetek ass vum Esprit hier dem Verlag La Pléiade och net onähnlech. Mir stellen eis wéi si d'Fro: wat a wien ass wichteg a gëllt et z'erhalen

Wat d'Kuratioun vu La Cinetek ausseruerdentlech spannend mécht sinn d'Lëschte mat de Liiblingsfilmer vu Realisateuren. Sief et de Scorsese oder d'Dardenne Bridder - Dosende vu Realisateuren uechtert d'Welt hunn esou eng Lëscht zesummegestallt an der Ekipp vum VOD-Déngscht weiderginn. D'Cinéphilie fënnt ëmmer hir Weeër, Filmer ze fänken. An d'Cinetek ass dofir genee esou e Moyen, wéi en traditionelle Kinossall. Oder huet deen elo wierklech seng Daseinsberechtegung verluer?

D'Cinetek ass méi do fir en Accès ze bidden ewéi an direkter Konkurrenz zum Kino ze stoen. Hei zu Paräis gëtt et nach vereenzelt Kinoen, déi al Filmer programméieren. Mee dat gëtt ëmmer méi rar. An déi Kinoen maachen een nom aneren hir Dieren zou. Dee Marché gëtt ëmmer mi kleng. Et geet eis wierklech dorëms, dat déi Kinoskultur vum Patrimoine net verschwënnt.

© La Cinetek

La Cinetek ass en fin de compte och just eng Initiativ, de Kinospatrimoine op hir Aart a Weis net vun den Ecrane verschwannen ze loossen. La Cinetek - d'Cinemathèque des réalisateurs - ass zënter e puer Wochen zu Lëtzebuerg disponibel. An d'Optioun fir sech op hire Programm z'abonnéieren ass zënter gëschter, dem 10. November méiglech.