A senger laanger a grousser Karriär huet de Museker vill Fans beandrockt. E grousse Bewonnerer vu senger Musek war ënner anerem de Kurt Cobain.

Viru genee 75 Joer ass den Neil Young a Kanada op d'Welt komm. Rezent eréischt huet de bekannte Grunge-Museker déi US-Amerikanesch Nationalitéit ugeholl. Dat awer just aus engem Grond: Hie wollt bei de Wale géint den aktuellen US-President Donald Trump stëmmen.

De Singer/Songwriter war seng ganz Karriär iwwer anescht, wéi déi aner Museker a keen einfache Kärel, wéi et heescht. Den Neil Young ass net glamouréis, net moudesch oder op Verkafszuele fixéiert, an awer huet hien a senger Karriär eppes erreecht, wat net vill Museker kënne vu sech behaapten. Den Neil Young gëllt als de Papp vun engem ganze Musekgenre, de Papp vum Grunge.

An domadder huet hien ebe vill Fans op der ganzer Welt gewonnen. Ee vun de bekanntste Fans ass do de Kurt Cobain, deen souguer a sengem Äddi-Bréif e puer Zeilen aus dem dem Neil Young sengem Song"My My Hey Hey" zitéiert huet: „it's better to burn out than to fade away“.

Déi gréissten Hits vum Kanadier oder Nei-Amerikaner kommen aus dem Joer 1972. Um Album "Harvest" huet einfach alles gestëmmt an dëse gouf domadder och den erfollegräichsten Album vum Grunge-Museker.

Engagéiert ass den Neil Young fir alles, wat al Hippie-Wäerter zréckspigelt: Ëmwelt, Klimaschutz, Biergerrechter, Farmer, Afroamerikaner an Urawunner aus Kanada an den USA. Haut feiert de Museker, deen zanter de 60er Jore schonn op enger Ranch a Kalifornie wunnt, 75 Joer.

Neil Young kritt 75 Joer