Och d'Konschwelt ass duerch d'Pandemie op d'Kopp gehäit ginn. No 8 Méint ginn d'Gewënner vum Luxembourg Encouragement for Artists Prize designéiert.

Datt mir hei zu Lëtzebuerg eng grouss a villfälteg Konschtzeen hunn ass bekannt. Eng Konschtzeen, déi sech ernäert vun deem, wat ronderëm eis geschitt, sief et op politeschem, sozialem oder interkulturellem Niveau. De Kënschtler brauch awer a senger Karriär, virun allem an dësen Zäiten, och emol e Schubs, fir virun ze kommen - a senger Aarbecht, ma och finanziell. An genau dorëms geet et beim Luxembourg Encouragement for Artists Prize, kuerz dem Leap. 5 Artisten, dorënner ee Kënschtlerduo, si selektioneiert ginn, fir eng grouss Expo an de Rotonden an zum Schluss kann ee vun hinne sech iwwert e grousse Präis freeën.
D’Nina Tomas, d’Suzan Noesen, de Kënschtlerduo Bruno Baltzer & Leonora Bisagno an d’Hisae Ikenaga - dat sinn déi 5 Kënschtler, déi dëst Joer beim Leap dobäi sinn. De Präis gëtt den Artisten d’Méiglechkeet sech enger internationaler Jury ze stellen a vun enger grousser Visibilitéit ze profitéieren. D’Erliichterung ass grouss, datt et elo endlech esou wäit ass.

8 Méint hunn d’Kënschtler an d’Organisateure vun de Rotonden missen op dee Moment waarden. D’Ausstellung an d’Präisiwwerreechung vum Leap waren, wéi vill Evenementer, en Affer vum Lockdown am Mäerz ginn.

Et ass fir di drëtte Kéier datt de Leap Präis organiséiert gëtt. Aus enger Rëtsch Portfolioen huet de Jury déi 5 Artisten erausgesicht. D’Konditioune waren, datt d’Kënschtler eng Verbindung zu Lëtzebuerg hunn, sief et, datt si hei schaffen, hei ausstellen oder hei liewen an op d'mannst iwwert déi lescht dräi Joer konsequent hir Aarbecht gewisen hunn.

E Freideg de Moien kënnt den internationale Jury zesummen - deels iwwer Videokonferenz an deels sur place - sou datt e Samschdeg den Owend dann de Gewënner vum Leap-Präis annoncéiert gëtt. De Präis sinn 12.500 Euro an eng Ausstellung am Gebai vun der RTL City.

Vun e Sonndeg un ass d’Ausstellung an de Rotonden fir de Public op, an dat laangt Waarden an déi vill Aarbecht ronderëm de Leap maache sech endlech bezuelt.