Déi Lëtzebuerger Kënschtlerin Sandrine Ronvaux ass haaptsächlech an der Molerei an an der Illustratioun doheem.

Hir artistesch Recherche baut u sech op hirem Bezuch zu anere Mënschen op, ma duerch d'Pandemie an déi sanitär Kris gouf dëse Rapport a Fro gestallt. Déi speziell Situatioun huet si op d'Iddi bruecht, hire Fokus op d'Thema Identitéit ze riichten an eng nei Serie vu Wierker mat Fangerofdréck ze kreéieren.

Dat Besonnescht un dësen Aarbechten: d'Kënschtlerin huet hirer Kreativitéit net op Toile oder Pabeier fräie Laf gelooss, ma op Plexiglas.

"ID – Work on Plexi" ass quasi d'Fortsetzung vun engem Projet, deen d'lescht Joer am Museu Nacional de História Natural e da Ciência zu Lissabon ze gewise gouf.