Et geet ëm "Benin-Bronzen", déi an europäeschen an amerikanesche Muséeën ausgestallt sinn, esou heescht et vun offizieller Säit.

1897 goufen déi vu brittesche Truppen aus dem kinnekleche Palast vum Kinnekräich vu Benin, haut Nigeria, geklaut.

Dës Konschtwierker zeréckzekréien an an Nigeria auszestellen, ass ee vun de gréissten Dreem, sot den Theophilus Umogbai, de Curateur vum nationale Musée zu Benin.

Enn 2024 soll de Musée stoen an dat mat de Konschtwierker.