Am Cube521 war e Freideg den Owend e Concert mat engem hollänneschen Jazztrio an dem iraneschen Interpret Kayhan Kalhor.

Fir dës Museker war et den 1. Concert zënter Mäerz. Zum Gléck ass zu Lëtzebuerg déi kulturell Aktivitéit net op Null erofgezunn. An dach ass et net einfach fir all bedeelegt. Zënter dem Ufank vun der Saison 20/21 hunn am Cube521 d’Hallschent vun de Produktioune missen ausfalen oder ëmgeännert ginn. A well déi verschidde Länner hir Covid-Reegelen onverhofft ännere kënnen, musse een äusserst flexibel sinn als Organisateur.