Den 3. November virun 120 Joer koum am Pafendall den Henri Pensis op d’Welt. Hie sollt dee bedeitendste Lëtzebuerger Dirigent ginn.

Bekannt war hien als 1. Dirigent vum Orchester vu Radio Lëtzebuerg – haut OPL . Dëser Deeg gouf eng Commemoratiounsplack u sengem Gebuertshaus ubruecht.

Op 10 rue des 3 Glands hänkt se dann elo um Gebuertshaus vum Henri Pensis, déi Plaquette, déi un de Matbegrënner an Dirigent vum Orchester vu Radio Lëtzebuerg erënnert a gläichzäiteg eng Éierung ass. Mat 3 Joer hat de Jong eng Blockflütte, mat 7 Joer huet en den Hämmelsmarsch gespillt a mat 11 Joer war e Schüler am Conservatoire zu Lëtzebuerg, duerno zu Bréissel.

Den Henri Pensis huet säi Brout als Museker zu Köln verdéngt, wou e Konzertmeister war, ier e gefrot gouf, fir den Orchester vu Radio Lëtzebuerg opzebauen an ze dirigéieren. Béid Saachen huet hie mat groussem Erfolleg 25 Joer laang gemaach. Bis zu 1.000 Live-Concerten huet de Radio-Lëtzebuerg-Orchester am Ufank gespillt.

Den Henri Pensis war net nëmmen zu Lëtzebuerg bekannt an unerkannt, mä och am Ausland. Leipzig, Wien, Paräis fir der just e puer opzezielen: dat ware Stied, wou hie Gaaschtdirigent war. Vun 1940-1945 huet den Henri Pensis bekannten Orchesteren an den USA dirigéiert.

Zënter 1933 awer war den Orchester vu Radio Lëtzebuerg säi Liewenswierk. Säi leschten Optrëtt war bei engem Concert 1958 op der Weltausstellung zu Bréissel. Do krut en eng Häerzattack an ass 14 Deeg duerno gestuerwen.

Eng Strooss ass an der Stad Lëtzebuerg no him benannt an elo hänkt endlech eng Plaquette op sengem Gebuertshaus.