Et ass eent vun de groussen Themen, déi d'Mënschen ëmmer beréieren, an eent, dat vill an dacks op Theaterbünen opgegraff gëtt: d’Léift.

Am Escher Theater war lescht Woch eng Produktioun ze gesinn, déi dëst Thema aus der Vue vun de ganz Jonken upaakt  a vrun allem Schoulklassen uschwätzt. "Was heißt hier Liebe?" ass eng nei Adaptatioun vun engem bal 50 Joer ale Stéck. A munches huet sech verännert.

Scho reng organisatoresch an optesch ass d'Theaterwelt eng aner. Op der Bün dierfen d'Kontakter jo bleiwen an déi spillen an engem Stéck iwwert d'Léift eng wichteg Roll.

"Was heißt hier Liebe?" ass um Enn vun den 1970er Joren an Däitschland fir d'éischt opgefouert gouf. De Regisseur Nickel Bösenberg, deen dat selwer als jonke Schauspiller gespillt huet, hat d'Iddi et op d'Zäit vun haut ze adaptéieren.

Do spillen Internet a Medien eng wichteg Roll. Geännert hu sech och eis Gewunnechten an d'Stéck ass ëm 1 Stonn gekierzt ginn. Op der Bün stinn 4 Schauspiller (Katahrina Bintz, Anne Klein, Konstantin Rommelfangen, Timo Wagner), déi déi Jonk mat hiren éischte Gefiller an Erfarungen duerstellen. Déi Erwuesse si ganz verschwonnen, gi just emol vum Museker am Spil (Pol Belardi) ugedeit.

Fir den Auteur Samuel Hamen war et wichteg, déi Jonk eleng schwätzen ze loossen. Fir hir Sprooch ze fannen, huet en deeglaang Youtuber nogelauschtert. D’Sprooch ass deemno riicht eraus, dacks witzeg, si paakt d'Themen direkt un.

"Was heißt hier Liebe?" soll virun allem Schoulklassen uschwätzen, an hinnen iwwer Thema a Sprooch och en direkte Wee an den Theater weisen. Op alle Fall eng Produktioun, déi alles hält, wat se wëll verspriechen.