D'Rockhal ass zanter mëttlerweil iwwer 8 Méint ouni Concert, ouni Public, ouni Liewen. An eng Besserung ass den Ament och net a Sicht.

D'Artisten maachen den Ament keng grouss Tournéeë méi, et ass do eréischt vun 2021 an souguer 2022 rieds.

En Dënschdeg gouf et awer een éischt Liewenszeechen aus dem CMA, dem "Centre de Musiques Amplifiées"  vun Esch. De leschte Concert gouf et do den 7. Mäerz. Zanterhier sinn 170 Evenementer verluer gaangen, erkläert den Olivier Toth, Direkter vun der Rockhal.

„Dat sinn ongeféier 200.000 Leit am Publikum, déi mer op der Streck hu misse loossen. An dat sinn am Endeffekt, wann ech d'Aarbechtsdeeg kucke vun eisem Personal, eng 1.700-1.800 Aarbechtsdeeg, déi eigentlech dëst Joer net konnte stattfannen ënnerhalb vun de Concerten. Mir si jo am Fong just ee Mëtteldeel, wou eng ganz Rei Acteure ronderëm dréinen: Concerts-Veranstalteren, Artisten, de Publikum selbstverständlech, mee awer och d'Security, d'Stage Hands, Riggeren, déi Leit déi hannert dem Bar schaffen, d'Botz-Ekippen asw. A wann mir déi elo zesummen huelen, da komme mir elo op eng geschate 5.800 Aarbechtsdeeg vun esou externem Personal.“

Donieft sinn och 80 Prozent vum Personal vun der Rockhal aktuell am Chômage partiel. Finanziell gesinn, ass d'Rockhal zu 60 Prozent vum Kulturministère finanzéiert, 40% kommen aus eegene Revenuen. Wann d'Situatioun awer géing daueren, da bräicht ee vläicht nach méi Hëllef vum Staat, erkläert de Luc Henzig, President vum Verwaltungsrot vun der Rockhal.

Et wär een awer net inaktiv wärend deene leschten 8 Méint gewiescht, erkläert nach emol den Direkter Olivier Toth. Déi eidel Rockhal gouf fir d'éischt mol bis Enn Juni als Centre de soins avancés benotzt. Donieft hätt een eng ganz Rei Iddien, fir sech nei z'erfannen. Et wär ee ganz proaktiv virgaangen. Wann d'Concerten net kënne live sinn, da komme se bei d'Leit heem an esou sinn dunn d'Rocklab PopUpSessions entstanen. Kleng Concerten, déi opgeholl ginn an déi een duerno ënner anerem um YouTube Channel vun der Rockhal ka kucken.

„Sou dass mer gekuckt hunn, wat kënne mer maachen, fir ebe grad déi Energie, déi op enger Bün sech normalerweis ausstraalt, wéi kënne mer dat maachen déi anzefänken an eventuell souguer zesummen ze brénge mat engem Publikum. Well t'ass jo dat, wat de Live ausmécht. Du sinn mer dohigaangen an hu gekuckt vun dem Ament un, wou mer nees hunn dierfen eng Band zesummesetzen, well dat war jo och net vun Ufank un de Fall, sinn mer op Plaze gaangen, wou een normalerweis kee Fouss géing hisetzen.  An eis Lëscht ass mëttlerweil enorm laang vu flotte Plazen. Mir hunn ugefaange mat Francis of Delirium, mir hunn de Grund Club, déi eigentlech sollten eng Live-Show elo Enn des Joers hunn an, déi konnten mer op déi Manéier afänken. An dann hu mer och Napoleon Gold an dann déi nächst do muss ech nach e klengt Geheimnis ronderëm maachen, mee déi annoncéieren mer natierlech soubal mer kënnen.“

D'Iddi vu Live-Concerten wär net komplett verluer. Wann d'Sanitärmesurë sech bis dohinner net verschäerfen, kéinten et bis Enn des Joers kleng Concerte gi mat ganz mann Public, maximum 90 Leit. Donieft huet d'Rockhal och nach eng „Qwest-Challenge“ lancéiert fir Leit tëscht 12 a 25 Joer, déi entweder am Hip-Hop, Rap oder am Slam ënnerwee sinn.