D'Regisseurin zelebréiert an hirer Inzenéierung d'Aneneefléisse vun Drama a ganz vill dréchenem Humor.

An den USA wiesselt de President. A mam Jil Biden kréien d'Amerikaner och eng nei First Lady. Datt d'Fra vum US-President enormen Afloss kann hunn, dat hat virop d'Jackie Kennedy ganz gutt bewisen. An de 60er Jore gouf Si duerch hir kultivéiert Manéier an hir Eleganz zum Idol vun enger ganzer Generatioun. A genee ëm dëse Personnage geet et am Theater-Stéck "Jackie", dat e Mëttwoch den Owend am Studio vum Groussen Theater Première feiert.

Am Monolog „Jackie“, geschriwwe vun der éisträichescher Schrëftstellerin Elfriede Jelinek, geet et ëm d'Jacqueline Kennedy Onassis, d'Medieprinzessin ënnert den amerikanesche First Ladies. Der Schrëftstellerin, wéi och der Regisseurin Valérie Bodson, geet et drëm, fir der Perséinlechkeet vun dëser glamouréiser Ikon nozespieren an hir eigentlech tragesch Existenz ze reflektéieren.
Dee villschichtege Charakter „Jackie“ gëtt an der Inzenéierung vum Valérie Bodson vun der Actrice Caty Baccega gespillt. Fir op der Bün deen aussergewéinleche Personnage „Jackie Kennedy“ verkierperen ze kënnen, huet si sech intensiv mat der Liewensgeschicht vun der fréierer First Lady auserneegesat.

No der Première huet ee nach ganzer dräi Mol d'Geleeënheet, fir sech d'Theaterstéck „Jackie“ unzekucken. Gespillt gëtt nach den 20., 21. an 22. November am Studio vum Groussen Theater.