Normalerweis wier dës Woch déi 3. Editioun vun der Biennale "De Mains de Maîtres" am Alen Arbedsgebai an der Neier Avenue gewiescht.

Pop Up Store fir "De Mains de Maîtres"

Mä wéi sou villes ass och déi op nächst Joer verluecht ginn. Ganz muss een awer net op d'Wierker vun de Lëtzebuerger Konschthandwierker verzichten. Et begéint ee se zënter e Freideg am ale Monopolsgebai an der Groussgaass.

Fir de fräischaffende Konschthandwierker awer nach eng Visibilitéit ze ginn, gouf d'Iddi vum Pop-Up-Store, deen et lescht Joer an enger méi klenger Form scho gouf, awer ganz séier nees opgeholl, esou de President vun der asbl De Mains de Maîtres Roland Kuhn.

"Mir haten elo wierklech d'Opportunitéit kritt fir dëse Lokal däerfen ze benotzen an dofir hu mer dunn d'Méiglechkeet konnte ginn fir Saachen auszestellen a fir e bëssi Präsenz ze weisen an vläicht och deen een oder aneren Objet ze verkafen.

Och d'Handwierk steet an dësen Zäiten viru groussen Erausfuerderungen, d'Chambre de Métiers, déi vun Ufank u Partner vun der Initiativ war, gesäit dat awer no de verschiddene Beräicher, d'Hanna Meyer.

"Dat hänkt vum Secteur of, den Artisanat ass ganz villschichteg. Wann een elo seet dem Baugewerbe geet et nach ganz gutt, do hunn aner Sekteuren vill méi ze kämpfen a beim Konschthandwierk ass et och esou, datt déi méi zu de  Kämpferesche gehéieren, well si hunn den Ament einfach keng Vitrinnen."

De Lieu matten am Zentrum vun der Stad am ale Monopols-Gebai bitt iwwer 160 héichwäerteg Piècen - vum Bijou iwwer kreativ Objete aus Glas, Stoff, Keramik bis esouguer gréisser Skulpturen - vun 37 Artisten aus de verschiddenste Genren a Beräicher, deels versi mat dem Label Made in Luxembourg. Den Appel ass un déi 65 Artiste gaangen, déi scho fir d'Biennale selektionnéiert goufen. Dee soll dann elo an engem Joer sinn, sou de Commisaire vun der Biennale Jean-Marc Dimanche.

"La Biennale, elle est prête. On l'a arrêtée vraiment au mois de juillet, nous avons pris la décision assez tôt pour la reporter. Mais donc tout est un peu comme figé. C'est un peu comme la Belle au bois dormant, il suffit de l'embrasser et on va la réveiller."

De Pop-Up-Store ass ëmmer vu freides bis sonndes op an dat emol bis den 20. Dezember.