Héije Bols, séier Autoen a geféierlech Manöver: Actionfilmer gräife gären emol op eng Course-poursuite zeréck, fir fir opreegend Momenter ze suergen.

Filmer wéi "Fast & Furious", "James Bond 007", "Baby Driver" oder "Ronin" sinn alles Klassiker, an deenen Autoen ze Schued kommen, well gutt a béiss Figure Verfolgungsjuegten op oppener Strooss maachen. Ma wéi eng Course-poursuite ass déi beschten aus der Filmgeschicht? Dat huet e brittescht Vergläichsportal wëlle rausfannen an eng Etüd zu dësem Thema verëffentlecht.

"Money.co.uk" no ka keen anere Film mat "Mad Max: Fury Road" mathalen, deen 2015 erauskoum. Op Plaz 2 kënnt "Fast & Furious 6", op Plaz 3 de 7. Deel vun der Film-Serie. Weider an d'Top gepackt hunn et "Ronin" a "Baby Driver". Mat am Ranking dobäi sinn och "James Bond 007: Quantum of Solace", "The Bourne Supremacy" a "Batman: Dark Knight".