D'Sandra Lieners erfuerscht a beschafft an hirer Konscht zwee ganz klassesch Theme vun der Molerei, nämlech d'Faarfgestaltung an d'Duerstellung vu Liicht.

D'Ausstellung „Realités augmentées“ weist wéi ee mëttels deem analoge Medium vun der Molerei eng Luucht an ee Raum kreéiere kann, an déi ee sech kann erafillen. Hir neisten Uelegmolereie fungéiere quasi als Fënsteren zu enger neier Realitéit.

D'Kënschtlerin presentéiert an hirer Solo-Ausstellung zwou Serien. An The Green weist si fragmentéiert Naturmotiver, déi an iwwerdimensionalen, ronne Pixelen nees zesummefannen – eng zäitgenëssesch Form vun Impressionismus.
An der Serie The Light, gëtt dem Betruechter duerch e gekonnt Zesummespill vu Faarwen d'Illusioun vu Luucht vermëttelt.

Wat béid Serie gemeinsam hunn, ass dass hei all Haaptbild säin eegene sougenannten „Témoin“ huet.

D'Ausstellung leeft nach bis den 28. November.