Kultur:LX war ee vun de grousse Projeten am Kulturentwécklungsplang vun 2018.

Als éischt eng Associatioun fir dann zu engem Etablissement public weiderentwéckelt ze ginn: Kultur:LX soll eng Plattform ginn, fir d'Lëtzebuerger Kultur am Ausland besser ze vertrieden.

D’Diane Tobes huet ënnert anerem d’Programmatioun vun der Abtei Neimënster oder vum Luxembourg City Film Festival gemaach. D’Valérie Quilez hat d’Kommunikatioun fir d’Kulturhaaptstad 2007 gemaach a si entwéckelt zanter 2009 d’Mission culturelle du Luxembourg en France.