De Karl Dall war duerch seng provokativ a frech Witzer ee vun de bekanntste Gesiichter vun der däitscher Komedie-Elite.

Wéi seng Famill DPA géintiwwer confirméiert huet, ass de Karl Dall e Méindeg verscheet. Hien ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen. Virun 12 Deeg hat hien en Hiereschlag.

A senger klenger Roll am "Winnetou 1. Teil" konnt hie säin Talent eng éischte Kéier ënner Beweis stellen. Duerno koum eng weider Roll am Film "Freddy und das Lied der Prärie". Zesumme mam Ingo Insterburg, Jürgen Barz a Peter Ehlebracht hat hien d'Komiker-Grupp "Insterburg & Co." am Joer 1967 gegrënnt. Enn der 70er Jore si si getrennte Weeër gaangen. Wärend 30 Joer ass hien awer weiderhin heiansdo zesumme mam Ingo Insterburg opgetrueden, bis hien 2018 verscheet ass. Och an den 80er Jore war de Karl Dall a sou munche Filmer ze gesinn, wéi zum Beispill an "Drei und eine halbe Portion", "Starke Zeiten" an "Gib Gas – Ich will Spaß".

Seng Karriär als Komiker ass am Joer 1983 sou richteg lassgaangen. Hien huet ënnert anerem bei "Verstehen Sie Spaß?" Leit um Telefon erageluecht an huet vun 1985 bis 1991 d'Talkshow "Dall-As" moderéiert.

Och musikalesch huet de Karl Dall senge Fans dacks e Laachen an d'Gesiicht gezaubert. Ënnert anerem huet hie Lidder wéi "Heute schütte ich mich zu" oder "Millionen Frauen lieben mich" erausbruecht.