Et wier een awer frou, datt Muséeën a Galerien hir Dieren dierfen opbehalen, betount de President vun der Theaterfederatioun Claude Mangen.

Eidel Kinos- an Theatersäll - e Bild wat mer scho vum éischten Lockdown kennen, wat awer och elo rëm Realitéit gëtt. An dat nodeems een déi lescht Méint Villes en place gesat huet, fir de sanitäre Mesuren an der néideger Sécherheet Rechnung ze droen. Eng Decisioun déi dofir fir Frust am Secteur suergt.

Kultur vs. Covid - Reportage vum Claudia Kollwelter

Et wier ee frou, datt Muséeën a Galerien hir Dieren dierfen opbehalen, betount de President vun der Theaterfederatioun Claude Mangen, mä de Choix vun der Regierung wier net wierklech nuancéiert: "Et gëtt menges Wëssen keng eng Statistik déi beleet, datt de Kultursecteur besonnesch gefäerdet soll sinn. D'ass Frust, mee bon, wat maache mer? Mir hunn eis z'adaptéieren. Mee erëm eng Kéier. D'Loft ass eraus, mee mir versichen, sou gutt et geet weider ze schaffen, mir prouwen weider a plange weider, och wann de Moment keng Perspektiven do sinn."

Domat misst ee léieren, eens ze ginn, vue datt ee jo och net wéisst, wéi d'Situatioun am Januar oder Februar wäert ausgesinn. Am meeschte géifen dem Claude Mangen no d'Artisten an d'Intermittents du spectacle ënnert den neie Restriktioune leiden, och wann dës vum Kulturministère ënnert d'Äerm gegraff kréien.

Nieft den Theatere mussen och d'Kinoen hir Dieren op en Neits bis de 15. Dezember zoumaachen. De Ciné Scala zu Dikrech gëtt zu 100% vun der Gemeng geréiert. D'Responsabel Nadine Petit fënnt schonn, datt d'Mesurë sënnvoll sinn, an awer wier et net einfach: "D'geet méi un d'Moral dës Kéier wéi déi éischte Kéier. Déi éischte Kéier hate mer guer keng Zäit, fir eis drop anzestellen, dat goung "Zack Zack", an du war zou. Mir hunn eng Zäit gebraucht, fir eis dovun ze erhuelen. Dës Kéier hu mer et gesi kommen an d'ass deementspriechend e bësse méi traureg a schwiereg, mee mir sinn optimistesch."

D'Kinoe waren iwwert déi läscht Wochen a Méint souwisou manner besicht, seet och de Responsabel vu Kinepolis Lëtzebuerg. De Christophe Eyssartier wënscht sech virun allem erëm eng gewësse Planungssécherheet zréck: "Wat mer evitéiere wëllen, ass e "Stop and Go", wou mer d'Kinoen zoumaachen a rëm opmaachen. Mir mussen also versichen, d'Pandemie ze maîtriséieren a se bekämpfen."

Dem Responsabel vu Kinepolis no géif ee sech dann elo op d'Reouverture fir de 16. Dezember preparéieren.

Oppene Bréif vun der Lëtzebuerger Theaterfederatioun

D'Lëtzebuerger Theaterfederatioun huet e Mëttwoch de Moien een oppene Bréif un de Premier Minister Xavier Bettel gemaach, wéinst der Fermeture vun hiren Infrastrukturen. De Secteur géing zu deene gehéieren, déi am schwéierste vun dëser Pandemie getraff goufen an zanter Mäerz hätt een enorm Efforte gemaach, fir d'sanitär Mesuren ëmzesetzen.

Et géing een zwar begréissen, dass Muséeën a Bibliothéike kéinten opbleiwen, mä et géing keng Justifikatioun ginn, fir Theateren nees zouzemaachen, besonnesch no den enormen Efforten déi gemaach goufen, a wéinst der Prekaritéit vun de Leit déi am Secteur schaffen.

De Secteur bräicht elo Stabilitéit, Previsibilitéit an Perspektiven, well et wär een och een essentiellen Secteur fir d'Gesellschaft. Loosst d'Theateren op, Premier Minister, sou fuerdert et d'Theater-Federatioun.