8 Joer war d'Expo am Waassertuerm zu Diddeleng. Vum 3. Januar u gëtt Plaz fir eng nei Ausstellung gemaach.

"The Bitter Years" war di lescht grouss Ausstellung, déi de bekannte Lëtzebuerger Fotograf Edward Steichen zu New York am MoMA (Museum of Modern Art) organiséiert huet. Als Direkter vum Fotografie Departement am amerikanesche Musée huet hie wichteg Ausstellungen kuratéiert an huet esou dozou bäigedroen de Medium Fotografie als eng vollwäerteg Konschtform ze promouvéieren.

© Dorothea Lange, Destitute pea pickers in California. Mother of seven children. Age thirty-two. Nipomo, California, February 1936 © Library of Congress, FSA/OWI Collection

"The Bitter Years" regroupéiert Meeschterwierker vu weltbekannte Fotografen wéi dem Walker Evans, Dorothea Lange, Arthur Rothstein oder och nach dem Jack Delano. D'Fotografie weisen eng mënschlech Facette, déi d'Liewen am 20. Joerhonnert dokumentéiert, an zwar dat ländlecht Liewen, wärend der Grousser Depressioun an Amerika. D'Fotoe sinn deemno tëschent 1935 an 1944 entstanen an d'Fotografen hunn deemools eng wichteg an awer och batter Period an Amerika festgehalen. 1962 ass d'Ausstellung fir d'éischte Kéier am MoMA gewise ginn, si ass en Hommage un Dokumentarfotografie.

© Arthur Rothstein, Dry and parched earth in the badlands of South Dakota, May 1936 © Library of Congress, FSA/OWI Collection

1973 ass den Edward Steichen zu Redding am Connecticut gestuerwen. Op Wonsch vum Edward Steichen huet de MoMA d'Kollektioun vun "The Bitter Years" dem Staat Lëtzebuerg vermaach.

© The Estate of Edward Steichen / Artists Rights Society (ARS), New York

Den 3. Januar 2021 wäert d'Ausstellung am Waassertuerm zu Diddeleng, no 8 Joer, zougoen. D'Expo "Collapsed Mythologies: An annex to the Geofinancial Lexicon" vum Eline Benjaminsen ass da vum 24. Abrëll un am Waassertuerm geplangt.

© CNA

D'Kollektioun "The Bitter Years" wäert professionell analyséiert an evaluéiert ginn fir kënnen op nei Aventure geschéckt ze ginn.