Konschtfrënn kréien an der Stad vun der Léift d'Méiglechkeet, d'Mona Lisa an engem ongewinnte Kader kennenzeléieren...

De Paräisser Musée mécht nämlech bei enger ganz spezieller Auktioun mat: En Dënschdeg kënne Visiteure live mat dobäi sinn, wann d'Bild aus der Vitrinn geholl an inspizéiert gëtt. De Wäert vun dëser Visitt gëtt op eng Zomm tëscht 10.000 an 30.000 Euro geschat.

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass de Louvre bei enger Aktioun matmécht. Bis de 15. Dezember ginn ënnert dem Motto "Bid for the Louvre" nach aner Saache versteet, ënnert anerem eng Partie Konschtwierker, déi Kënschtler dem Musée iwwerlooss hunn. Dorënner zum Beispill e Wierk vum franséische Moler Pierre Soulages aus dem Joer 1962, dat ronn 1,2 Milliounen Euro wäert ass.

Wien allerdéngs net esou vill investéiere wëll, dee kann och fir e Spadséiergang iwwert den Diech vum Louvre bidde mam franséische Fotograf a Streetart-Kënschtler JR. Heivir muss ee ronn 6.000 bis 12.000 Euro op den Dësch leeën.

Fir déi aner Leit bleiwen d'Diere vum weltbekannte Musée bis de 15. Dezember wéinst der aktueller sanitärer Kris zou.