Mam partielle Lockdown hu jo och d’Theateren an d’Kulturhaiser erëm missen hir Dieren zoumaachen, wat ganz frustréierend ass fir d’Leit am Secteur.

An de leschte Méint hu si sech ëmmer erëm der Situatioun ugepasst, fir dass d'Virféierungen ënnert beschtméigleche  sanitäre Konditioune kënnen oflafen. Villes war trotzdeem schonn ofgesot an elo kënnt nach zousätzlech Onsécherheet dobäi, wéi et nom 15. Dezember virugeet.

Den neie Lockdown suergt fir Frust, virun allem bei den Theateren, Kinoen a Kulturhaiser. D’Muséeën an d’Galerien, sou wéi temporär Ausstellungen, kënnen opbleiwen aus dem Grond, well d’Leit hei zirkuléieren. De Claude Mangen vun der Theaterfederatioun huet sech an eisem Reportage Ufank der Woch geäussert, datt d’Loft eraus ass an datt een den Ament ouni Perspektiv weider schafft.

De Rotonden zu Bouneweg bleift den Ament just nach deen ee Virdeel vun der Ausstellung vum Leap, déi weiderhi kann opbleiwen a Public empfänken.

D’Rotonden, déi schonn zënter Joren iwwert d’Chrëschtdeeg Programm fir Grouss a Kleng ubidden, stinn elo virun enger nächster Ongewëssheet, nämlech wat geschitt nom 15. Dezember? Bis dohinner muss nämlech ofgewaart ginn, fir kënnen Decisioune par Rapport zum Programm ze huelen.

Et ass e stännegt hin an hier: nei plangen, ofsoen a verréckelen. E Joer, dat vill Nerve kascht an e groussen Impakt op de ganze Kultur-Secteur huet.