Trauer bei de Star-Wars-Fans weltwäit: Den Darth-Vader-Acteur Dave Prowse ass dout.

Dat huet säin Agent Thomas Bowington op Facebook matgedeelt. Hien huet dem Schauspiller mat de Wierder "May the force be with you" Äddi gesot.

De Prowse ass virun allem wéinst senger Gréisst vun 1,98m an der imposanter Statur fir d'Roll als Darth Vader auserwielt ginn. Wéinst sengem westengleschen Dialekt huet hien a senger Roll allerdéngs ni geschwat, dëst huet den US-Schauspiller James Earl Jones dunn iwwerholl.

An d'Filmgeschicht agaangen ass de Prowse ënnert anerem wéinst dem wuel bekanntste Star Wars- Zitat."I am your father" dierf wuel all Mënsch eppes soen, souguer wann een nach net een eenzege Star Wars- Film gesinn huet.

Ufanks krut den Dave Prowse eng Statisteroll am weltbekannte Meeschterwierk "Clockwork Orange" vum Stanley Kubrik. Hei gouf hien vum Star Wars-Papp George Lucas entdeckt a krut d'Roll vum Darth Vader. Joerzéngte laang war hien et, deen de Vader gespillt huet an ass och nach laang dono als Darth Vader bei Fans uechtert d'Welt opgetrueden.

De Mark Hamill, deen de Luke Skywalker gespillt huet, huet den Dout vum Prowse bedauert. Hie wier e léiwe Mënsch gewiescht a vill méi wéi just den Darth Vader, esou den Hamill op Twitter.