Wéinst der Pandemie war déi 6. Editioun vun der Luxembourg Art Week dëst Joer jo komplett online iwwert d'Bün gelaf.

Online war et jo méiglech fir eng Visitt vun der Art Week ze maachen, also eng sougenannte virtuell 3D-Visitt. Ganzer 1.500 Wierker vu 450 internationalen Artiste konnt ee gesinn, dat a Collaboratioun mat der Agence "cura3D" vu Leipzig.

D'Erwaardunge goufen dann och iwwertraff dëst Joer, dat mat 30.000 Visiteuren aus 90 verschiddene Länner. Bei enger normaler Editioun waren et dacks tëscht 12.000-15.000 Visiteuren. 150.000 Säiten-Opriff goufen donieft nach confirméiert.

2021 fixéiert een aus deem Grond dann och souwuel eng physesch, wéi awer och eng virtuell Editioun vun der Luxembourg Art Week un.