Op Instagram a Facebook huet de 57 Joer ale Sänger e Méindeg mat engem kuerze Video en Indice op den 11. Dezember ginn.

"Alle Tage ist kein Sonntag" kënnt e Freideg den 11. Dezember eraus, ass beim Lindemann um Facebook ze liesen. Dobäi gëtt e kuerze Video ageblennt.

Den Informatiounen vun der DPA no handelt et sech hei ëm de Solo-Projet vum Kënschtler. Well nieft der bekannter Band Rammstein, déi rezent sech de Studio "La Fabrique" zu Saint-Rémy-de-Provence gelount haten, schafft den Till Lindemann zesumme mam schwedesche Museker Peter Tägtgren um Projet "Lindemann".