E Concert streame gehéiert manifestement net zum Alldag vun der Musical-Interpretin, duerfir war den Optrëtt am Cape eppes Neies.

Et ass och fir Museker net einfach, a Corona-Zäiten ze schaffen. D’Variant zum Teletravail fir si ass e Concert ouni Public am Internet ze streamen. Dat huet de Cape Ettelbréck der Lëtzebuerger Musekerin Jil Clesse erméiglecht. D’Sängerin, déi eng Karriär als Musica-Interpretin mécht, schreift hir Texter an hir Musek selwer. De Régis Thill war fir eis am Cape an huet e puer Andréck iwwert de Livestream matbruecht.

Op der Bün si wéi ëmmer d’Museker, am Sall just d’Techniker, kee Public.

E Concert streamen heescht en an d’Welt schécken iwwer divers Medien, an der Hoffnung, dass et Interesséierter gëtt, déi sech den Event ukucken. E Concert streamen ass technesch méi einfach a finanziell net sou ustrengend, wéi Produktiounen, wou vill Beweegung op der Bün ass.

D’Jill Clesse wunnt zu Wien, hiren normalen Asaz, an dat heescht eben och Sue verdéngen, ass op de Musical-Bünen. E Concert streamen gehéiert manifestement net zum Alldag vum Jil Clesse, duerfir war den Optrëtt am Cape eppes Neies, eppes Besonnesches.