Emissiounen, Serien a Filmer! Fir d'Chrëschtvakanz ginn et eng ganz Rei Highlighten op RTL Télé Lëtzebuerg & RTL ZWEE.

Hei den Iwwerbléck vum Feierdagsprogramm:

Et ass déi méi roueg Zäit vum Joer, déi ugefaangen huet. An dëst Joer wäert d'Chrëschtzäit zu Lëtzebuerg mat all de Corona-Restriktiounen nach e bëssen méi roueg sinn wéi gewinnt. Alles anescht wéi roueg wäert et dofir déi nächst zwou Wochen op RTL Télé Lëtzebuerg sinn.

Nieft dem Journal, deen an dëser Zäit um 19. Auer ufänkt, wäerten et och all Dag aner Serien ginn. Am "2020 op Distanz" kucke mer ënnerschiddlechen Persounen, op Distanz, op dat ganzt speziellt Joer 2020 zréck.

An onser Serie "Lëtzebuerger am Ausland" besiche mer Expats an der ganzer Welt.

An der "Anne’s Xmas Leftover Kitchen" weist d’Anne eis, wéi mer aus de Reschter vun de Feierdeeg flott Menüe kënnen zauberen.

An am "Top Secret" huelen mer Iech op Plazen mat, wou ee soss eigentlech net rakënnt.

Do dernieft hu mer natierlech rëm déi traditionell Rendezvousen wéi d'Chrëschtusprooch vum Grand-Duc, dem groussen Neijoerschinterview mam Xavier Bettel, dem Silvester-PiccoBello an dem groussen Joresréckbléck um Programm.

Dës a weider Emissioune fannt dir och op RTL Play souwuel am Livestream wéi dono och am Replay.

De ganze Feierdagsprogramm op RTL ZWEE hei am Iwwerbléck

Um RTL ZWEE ass dann all Dag en neien Highlight um 20 Auer virgesinn. An dat mat Lëtzebuerger Filmer oder Produktiounen. Ze gesinn sinn hei d'Kannerfilmer "Wollefszant", "Fritzi" an "Mäi Bopa vum Mars". Ma och Produktiounen wéi "De Buttek", "De Superjhemp retörns", "Péitruss" an d'Serie "Cellule de Crise" mam Luc Schiltz.

An och d'Kultur huet hir Plaz am Programm: op Hellegowend diffuséiere mer den Chrëschtconcert aus der Philharmonie, deen dëst Joer op eng ganz eenzegaarteg Aart a Weis iwwert d'Bün gaangen ass. De Replay vum Concert fannt Dir op der Plattform RTL Play.

Den 27.12 weise mer um 17:30 d'Theaterstéck "Rabonzel". De Replay vum Theaterstéck fannt Dir op der Plattform RTL Play.

Nei dëst Joer wäert dann och d'Diffusioun vun den Chrëschtmetten aus der Kathedral op Hellegowend sinn.