De Luxfilmfest war den éischten Dominosteen an enger laanger Rei vu Filmfestivallen uechter d'Welt, déi ofgesot goufen.

Am Mäerz vun dësem Joer war de Luxembourg City Film Festival matten a senger 10. Editioun ënnerbrach ginn, wéi den éischte Confinement am Land eng Realitéit gouf. Zënterhir sinn d’Organisateure vum Festival ëm hiren Directeur Artistique Alexis Juncosa domat beschäftegt, d’Oplag vun 2021 esou gutt et geet virzebereeden.

Et sollt u sech e grousst Fest ginn, wou Kinofilmer a staark Emotioune gefeiert ginn. Den 10. Anniversaire vum Luxfilmfest war um gudde Wee, de groussen Erwaardunge vum ronne Gebuertsdag méi wéi gerecht ze ginn, ëmsou méi enttäuschend war natierlech de Verlaf vun enger prestigiéiser Editioun, déi duerch déi sanitär Kris bedéngt net konnt bis op en Enn goen.

De Luxfilmfest war den éischten Dominosteen an enger laanger Rei vu Filmfestivallen uechter d’Welt, déi ofgesot goufen. Souguer de renomméierte Festival vu Cannes huet op eng Oplag am Joer 2020 verzicht, och well eng digital Editioun vum Festival, déi sech integral iwwert den Internet ofspillt, fir d’Organisateuren deemools net a Fro koum.

Fir d'Filmindustrie bedeit dës Situatioun och, datt souwuel d’Promotioun, wéi d’Acquisitioun an d’Verkafe vu Filmer ëmmer méi schwiereg gëtt, well wa Festivalle sécherlech eng Plattform sinn, fir datt Filmer gesi ginn, esou ass et awer och dacks gekoppelt mat engem Marché, wou déi eng Projeten entstinn an déi aner un Distributeure verkaf ginn.

D’Renommée vun engem Festival ass wuel duerch hir prestigiéis Invitéeë markéiert, ma awer virun allem duerch déi Filmer, déi se selektionéieren, an do ass den Directeur Artistique vum LuxFilmFest ganz positiv gestëmmt fir déi zukünfteg Editioun, wou sech elo schonn eng Predominanz vu südamerikanesche Filmer erausschielt, och wann de Selektiounsprozess fir dës Editioun ëmsou méi komplex ass.

Den Iwwerbléck vun der Serie