Wéinst der Hausse vun de Corona-Infektiounen sinn zu Hollywood op en Neits d'Produktioune gestoppt ginn.

D'Produktioun wär op d'mannst bis Mëtt Januar ënnerbrach, heescht et an engem Schreiwes vun der Schauspillergewerkschaft Sag-Aftra un hir Memberen. D'Gesondheetsautoritéite vu Los Angeles haten d'Filmproduzenten virdrun dozou opgefuerdert, wéinst der "katastrophaler" Hausse vun de Corona-Zuelen eng Paus ze maachen.

A Südkalifornien gëllt bis op Weideres eng Ausgangsspär. Vill Klinicke sinn iwwerlaascht a kënne keng weider Noutfäll méi ophuelen.

Hollywood hat schonn am Mäerz een éischte Produktiounsstopp decidéiert. Eréischt am Summer haten d'Dréiaarbechten nees ugefaangen, allerdéngs an engem vill méi klengem Ëmfang wéi normalerweis.