Den Daniel Dumile, och bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm MF Doom, soll schonn den 31. Oktober 2020 verscheet sinn.

Seng Famill hat sech allerdéngs dozou entscheet gehat ze waarden, fir déi traureg Nouvelle public ze maachen. Op Instagram schreift seng Fra: Hie war "de gréisste Mann, Papp, Schoulmeeschter, Schüler, Geschäftspartner, Freier a Frënd (...) Meng Welt ouni dech wäert ni méi déi selwecht sinn." Iwwert seng Doudesursaach ass bis ewell näischt bekannt.

Hien huet an der Hip-Hop-Branche als "Liblingsrapper vun dengem Liblingsrapper" gegollt a gouf ëmmer nees a Lidder vun anere Kënschtler ernimmt. Dorënner den Drake, Childish, Gambino oder Playboi Carti.

Seng erfollegräich Karriär huet an den 90er Joren ugefaange mat der Rap-Band KMD, mat där och säi verstuerwene jéngere Brudder Subroc deels opgetrueden ass. No sengem Doud huet sech de brittesche Kënschtler aus der Zeen zeréckgezunn, hat awer no e puer Joer Paus nees de Wee zeréck op d'Bün fonnt. An zwar mat Mask.

Complex no ass de MF Doom verantwortlech fir e puer vun de beléiftsten Hip-Hop-Albe vun allen Zäiten.