E Méindeg hat d'Meldung, datt d'Tanya Roberts gestuerwe wier, weltwäit den Tour gemaach. Bekannt gouf si als Bond Girl an aus der "That 70s Show".

Si wier zwar krank an hiren Zoustand wier liewensgeféierlech, awer wier d'Tany Roberts nach um Liewen, huet hire Publizist Mike Ringel matgedeelt. US-Medien hate si e Méindeg als "dout" erkläert. D'Meldung wier entstanen, well de Ringel an de Partner vun der Schauspillerin Lance O'Brien sech falsch verstanen hätten, esou d'Erklärung vun hirem Publizist.

Detailer zu hirer Krankheet huet de Ringel awer net public gemaach. Si wier de 24. Dezember zesummegaangen, wéi si mat hiren Hënn spadséiere war. Et géif sech awer net ëm Covid handelen, mellt d'TMZ.

Ënner anerem bekannt ass d'Roberts duerch hir Roll am "James Bond"-Film "A View to a Kill" aus dem Joer 1985. Grad an den 80er hat si méi Rollen. Enn den 90er an Ufank den 2000er hat si eng Nieweroll an der "That 70s Show", op Däitsch "Die wilden Siebziger". Si huet hei d'Midge Pinciotti, d'Mamm vum Donna, gespillt.