Ugangs hat et jo geheescht, ass d'Actrice am Alter vu 65 Joer gestuerwe wier. Du gouf et dementéiert, elo awer confirméiert.

Déi genau Doudesursaach steet nämlech elo fest: D'Tanya Roberts ass un enger Entzündung am Harnkanal gestuerwen. Dat huet hire Spriecher Mike Pinge dem "People"-Magazin géintiwwer bestätegt.

E Méindeg gouf si fälschlecherweis fir dout erkläert, méi spéit gouf déi traureg Nouvelle corrigéiert. Wärend engem Telefonsgespréich soll hire Partner Lance O'Brien matkritt hunn, dass si nach um Liewe wier. E puer Stonne méi spéit wier si am Spidol verscheet.

Si ass de 24. Dezember wärend engem Spadséiergang kollabéiert. D'Infektioun am Harnkanal huet sech op d'Niren, Gal, Liewer an de Bluttkreeslaf ausgebreet. Wärend e puer Deeg louch d'Actrice op der Intensivstatioun an huet misse kënschtlech beotemt ginn. Et gouf dementéiert, dass hiren Doud am Zesummenhang mat enger Corona-Infektioun stoung.

Bekannt gouf d'Robert ënnert anerem duerch hir Roll als Stacey Sutton an engem James-Bond-Film (1985).