Schonn am Dezember goufen et Rumeuren, dass d'Liewe vum Carrie Bradshaw a senge Frëndinne weider verfilmt gëtt.

Elo huet de Streamingdéngscht HBO matgedeelt, dass et eng Fortsetzung gëtt. 10 Episode si geplangt, an deenen 3 vun de 4 Actricë wäerten ze gesi sinn. Bis op d'Kim Cattrall sinn d'original Schauspillerinne bei der geplangter Mini-Serie mat dobäi. D'Actrice hat schonn an der Vergaangenheet betount, mat der Roll vum "Samantha Jones" ofgeschloss ze hunn.

D'Fans dierfe sech awer op wëll Partyen, schick Outfitten a kuriéis Rendez-vouse vum Carrie Bradshaw (Sarah Jessica Parker), Miranda Hobbes (Cynthia Nixon) a Charlotte York (Kristin Davis) freeën. Wéi eng Theme genau wäerte behandelt ginn, ass nach net gewosst. D'Sarah Jessica Parker huet allerdéngs schonn ugedeit, dass et spannend wier, wann d'Charaktere sech mat Problemer aus der haiteger Welt ausenanersetze géingen, dorënner zum Beispill d'MeToo-Beweegung.

Wéini "And just like that..." um groussen Ecran wäert ze gesi sinn, ass nach net gewosst. D'Dréiaarbechte sollen am Fréijoer ufänken.

Déi Originalserie "Sex and the City" gouf vum Regisseur Darren Star gedréit a baséiert um Buch vum Candace Bushnell. A 6 Staffele gouf d'Liewe vun de 4 New Yorkerinnen duergestallt, déi éischt dovun 1998. Fortsetzunge goufen et an de Joren 2008 an 2010 am Film-Format.