Zanter e Méindeg dierfen och d'Kinoen, d'Theateren an d'Kulturhaiser hir Dieren nees opmaachen.

D'Buvette mussen zwar iwwerall zou bleiwen, ma op de Büne kënnen nees Theaterstécker opgefouert a Concerte gespillt ginn, dat natierlech weiderhin ënnert deene beschtméigleche sanitäre Konditiounen.

Trifolion de 24. Januar prett fir Public

Den Trifolion, deen een am Zentrum vun der Abteistad Iechternach fënnt, zielt mat ronn 200 Evenementer all Joer zu de féierende Kulturplazen hei zu Lëtzebuerger an an der Grenzregioun.

Ma och hei, wou am Atrium normalerweis 600 Leit Plaz huelen a Kultur erliewe kënnen, war et an deene leschte Méint a Wochen eidel a roueg. Do war d'Freed beim Direkter vum Trifolion a senger Ekipp natierlech immens grouss, wéi annoncéiert gouf, dass ee vum 11. Januar un nees Public empfänke kéint.

Wärend dem Lockdown gouf hei fläisseg weidergeschafft a geplangt, sou dass d'Programmatioun och am Trifolion fir den Neistart steet.  An awer, sou spontan kann een hei kee Public empfänken, et brauch ee schliisslech eng gewësse Virlafszäit an déi Tatsaach, dass ee sech ëmmer neie Situatiounen upasse muss, mécht d'Saach net méi einfach.

Réischt de 24. Januar wäerten hei déi éischt Artisten nees op der Bün stoen a viru Public optrieden an zwar fir de Märchen-Musical "Rotkäppchen". Enn Februar steet dann deen nächste wierklech groussen Event um Programm, een hybriden Jazz Festival.

Trotz alle Schwieregkeeten a Restriktioune plangt een zu Iechternach d'Zukunft mat vill Motivatioun an Zouversiicht. Et gëllt weiderhi flexibel a kreativ ze bleiwen an ze hoffen, dass et vun elo u just nach biergop geet.

Philharmonie endlech rëm op fir Spectateuren

No wochelaangen eidele Säll dierfe Kino- an Theatersäll lo nees Leit bei sech eraloossen. Dat natierlech mat strenge Restriktiounen. De Mask ass do zum Beispill obligatoresch, och wann d'Distanze mussen agehale ginn an et dierfen net méi wéi 100 Leit zesummekommen.

An der Philharmonie war um spéide Méinden am Nomëtten dann och schonn direkt den Neijoerschconcert. Nodeem et déi lescht Zäit villes just am Virtuelle ginn hat. RTL war op der Plaz an huet nogefrot, wéi Spectateuren an Organisateure mat der neier Situatioun ëmgaange sinn.