Den "Trainspotting"-Regisseur wäert déi kuerz awer intensiv Period vun der brittescher Punkband als Serie verfilmen.

Den US-Sender FX huet d'Serie bestallt a berout op den Erënnerungen an de Memoirë vum Gittarist vun de Sex Pistols, dem Steve Jones. Dës goufen ënnert dem Titel "Lonely Boy. Tales from a Sex Pistol" publizéiert.

Lidder wéi "God Save the Queen" oder Anarchy in the UK" bleiwen an der Punk-Welt an och doriwwer eraus onvergiess. D'Sex Pistols aner Acteure vun der Punkbeweegung sti fir eng Zort vun Opreegung an och fir e gewësse Broch mat der Gesellschaft a verschiddene Konventiounen. Am Joer 1976 sinn d'Sex Pistols praktesch aus dem Näischt weltbekannt ginn, hunn en Album erausbruecht, ma sech nees am Januar 1978 opgeléist, dat wärend hirer US-Tour.

Am Joer 2009 krut den Dany Doyle jo den Oscar fir "Slumdog Millionaire", ma virun allem awer wéinst seng Inzeenéierung vun "Trainspotting", déi d'Heroin-Zeen vun Edinburgh a Schottland wéi keen aneren inzeenéiert, passt grad de Boyle perfekt op de Stull vum Regisseur.  D'Dréibicher komme vum Craig Pearce an dem Frank Cottrell Boyce.

D'Haaptroll, de Sex Pistols-Guitarist Steve Jones, soll vum Toby Wallace gespillt ginn. De Sänger Johnny Rotten gëtt vum Anson Boon gespillt, d'Roll vum Bassist Sid Vicious iwwerhëlt de Louis Partridge.